Bretzelesonndeg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Bratzelesonndeg (oder Bretzelesonndeg) gëtt zu Lëtzebuerg och alt de Sonndeg vun Halleffaaschtesonndeg genannt, op deem traditionnel Bratzele verschenkt ginn.

De Brauch

De Brauch besteet doranner, dass d'Jongen engem Meedchen, op dat s'en A geworf hunn, eng Bratzel schenken. Bei géigensäitegem Intressi revanchéiert d'Meedche sech Ouschteren mat engem Ouschteree. Wann e Schaltjoer ass, ass et ëmgedréint.

Bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert war de Brauch virun allem an den Dierfer laanscht d'Musel an d'Sauer verbreet, haut gëtt et iwwerall am Land Bretzelen ze kafen.

Fréier gouf et soss am Land och nach de Brauch, dass eng Koppel, déi sech am Laf vum Joer virdrun bestuet hat, all deenen, déi bei der Hochäitsfeier e Stéck vun der Braut hirer Jarretière erwëscht haten, op dësem Dag Bratzelen (déi Faaschteboune genannt goufen) huet misse schenken.

Literatur

  • Edmond de la Fontaine: Luxemburger Sitten und Bräuche. Luxemburg: Jos. Beffort, 1883. 5. Neioplo Editions Emile Borschette 1995, S. 39-40.

Handcrafted by © 2010 4com.lu